Stilvoll a funktionell

Perfektionéiert Äre Raum

Abauschaf

En Abauschaf no Mooss, wéi Dir en wëllt

Maacht aus all Raum eng funktionell an zugläich stilvoll Plaz, déi Iech am Alldag Freed mécht.

Mir invitéieren Iech, mat eis zesumme Gestaltung an Ëmsetzung vun Ärem individuellen Abauschaf ze plangen.

Erlieft den Ënnerscheed vun enger individueller Planung mat WANDWERK.

ÄR VIRDEELER:

Gestalt mat eis Ären Abauschaf

Mat oder ouni Daachschréi – 100 % passend.

Maacht aus Ärer Stuff oder Ärem Schlofzëmmer eng Wuelfilloas mat engem Abauschaf no Mooss.

Tabletten, déi een an der Héicht verstelle kann: Ni méi bécken oder strecken! Passt d’Héicht un Är Besoinen un.

Ergonomesch Rangementsystemer: Alles ass bei der Hand a perfekt organiséiert.

Integréiert Beliichtung: LED-Leeschten oder Spotte beliichten den Inhalt vun Ärem Schaf perfekt.

Stilvoll Designen: Wielt aus ville Fronten, Faarwen a Materialien e Schaf, deen zu Ärem Goût an zum Stil vun Ärem Haus passt.

Maacht nach haut en Termin fir eng gratis Berodung a loosst Iech vun eisen Experten inspiréieren!

Abauschaf
Abauschaf @work

A 4 Schrëtt bei Ären neien Abauschaf

wandwerk-wohnzimmerschrank-remich (5)

Ganzheetlech Planung

Eis Planung hëlt Rücksicht op Är Besoinen, de Raum an Äre Stil. D’Resultat: en Abauschaf, deen perfekt bei Iech, Äre Liewensstil an de Raum passt.

Héichwäerteg Materialien

Vun edele Fronten bis bei Rangement no Mooss – mir setzen op Materialien vun héchster Qualitéit, déi funktionell a schéin sinn.
wandwerk-individueller-wohnzimmerschrank-remich-01
wandwerk-erasmy-buero

Alles aus enger Hand

Profitéiert vun eisem komplette Service: vun der éischter Berodung a Planung bis zur Ëmsetzung a Montage këmmere mir eis ëm all Detail vun Ärem Projet.

Individuell Gestaltung

Loosst Ärer Kreativitéit fräie Laf a gestalt Ären Abauschaf mat eis no Äre Virstellungen. Mir hëllefen Iech bei der Auswiel vu Faarwen, Materialien an Design-Elementer.
wandwerk-wohnzimmerschrank-remich (1)
wandi-daumen-hoch

Dat soen eis

begeeschterten Clienten

"Dir hat net ze vill versprach: professionell, propper Aarbecht, frëndlech a kompetent Monteuren. Mir si begeeschtert iwwer d'Resultat a wäerten är Firma onbedéngt weider empfeelen."

Client vu Monnerech

"Léif WANDWER-Équipe. Villmols Merci fir Är bewosst, präzis Aarbecht an Är gutt Laun! Nëmmen dat Bescht a villmols Merci!"

Client vu Dikrech

"Villmols Merci! Alles tiptop! De Chantier extrem propper gehalen an opgepasst, alles gutt ze schützen."

Client vu Lëtzebuerg

"Ech well ganz häerzlech fir Är Aarbecht an déI vun Ärem Team Merci soen. Ech si wierklech begeeschtert vu mengem Regal - esou schéin. Et mecht mein Doheem besonnesch!"

Client vu Lëtzebuerg

"Ech muss soen, an vun de beschte Firmen, déI ech jee am Haus hat. Schued, dass den Numm mech op d'falsch Spur gefouert huet, sonst hätt ech meng ganz Daachaarbechte bei Iech mache gelooss."

Client vu Lëtzebuerg

"Mir si komplett begäschtert: an eiser Kichen steet elo en Drammiwwel! Vum Ufank bis zum Enn perfekt! Merci!"

Client vu Lëtzebuerg

"Ech si wirklech sprachlos, am positive Sënn, iwwer de ganze Prozess: d'Anhale vun Terminer + Pünktlechkeet, d'Propretéit mat deenen d'Aarbechter all Dag de Chantier verloossen, d'Kompetenz a Genauegkeet op der Aarbecht.!

Client vu Steinsel

"DéI ganz Equipe huet souverän geschafft. Du hues se net héieren."

Client vu Jonglënster

"Mir si ganz zefridden. Gutt Berodung. Ganz kompetent. Mir recommandéieren iech ëmmer gär weider."

Client vu Duelem

"Bleift wéi Dir Sidd!"

Client vu Lénger

Eng kleng Auswiel un INSPIRATIOUNEN FIR ÄR NEI PROJET

stefan erasmy, verkauf & planung, schreiner
Stefan Erasmy -
Verkaf & Planning WANDWERK
Schräiner

HUELT DEN EISCHTE SCHRËTT

Loosst Iech gratis an onverbindlech iwwer  Abauschaf  beroden.

ELO BERODE LOOSSEN

MIR SIEN ÉISCHT ZEFRIDDE,
WANN DIR BEGEESCHTERT SID.

MADE IN LUXEMBOURG

Mat WANDWERK als Äre lokale Partner kritt Dir garantéiert Handwierkskonscht a Perfektioun. Mir si éischt zefridden, wann Dir begeeschtert sidd. Als lëtzebuergeschen Handwierksbetrib bidden mir Iech héichwäertegst Handwierksaarbecht – alles aus enger Hand.

NACH NET IWWERZEEGT?

Kuckt Iech den aktuelle Folder vum Wort oder déi aktuell WANDWERK Broschür un. Gäre schécke mir Iech e gedréckten Exemplaire zou!

FOLDER UFUERDERN
2026.09.21 16 Seiter WANDWERK Wort E PAPER

Déi aktuell Broschür am Wort

wandwerk-imagebuch-2024-opt-de

Déi aktuell WANDWERK Broschür 2024

Oft gestallte Froen (FAQ's)

Schéckt eis
Är Ufro!

wandi-arme-verschraenkt

Wat kënne mir fir Iech maachen?

WANDWERK S.à r.l.
6, rue des Promenades
L-6314 Beaufort
E-Mail: info@wandwerk.lu
Tel.: +352 283 862

Büroszäiten:
mé. - fr. 7-18 Uhr riichtduerch
Gären och samschdes no Arrangement
Ech sinn interesséiert :
Dateschutz