Beaufort
info@wandwerk.lu
T: +352 283 862

EINFACH A SËCHER

HEIZKÄSCHTE SPUEREN.

Daach & Isoléierung

ÄRE PROFI FIR DAACH AN ISOLÉIERUNG ZU LËTZEBUERG.

Hausbesëtzer denken normalerweis net vill un hiren Daach iwwer dem Kapp – soulaang et keen akute Schued mat erofgefallene Zillen oder Reendrëpsen an der Stuff gëtt.

En Hausdaach dréit net nëmmen zum Schutz vum Haus bäi. Wat d’Energie ugeet, spillt et och eng wichteg Roll fir d’Haus a seng Bewunner. Wann d’Isolatioun net duergeet, geet wäertvoll Energie a Form vun thermescher Hëtzt verluer. Fir datt dat Iech net geschitt, maacht haut e Rendez-vous mat engem vun de WANDWERK Experten fir Daachrenovatioun a loosst Iech individuell beroden – och wat déi aktuell ganz attraktiv Subsiden ugeet.

ÄR VIRDEELER:

DAACH MODERNISÉIEREN MAT WANDWERK

Eng komplett Dachrenovatioun gëtt a verschiddene Schrëtt duerchgefouert. Als éischt ersetzt WANDWERK d’Daachandeckung fir de Schutz virun dem Wieder ze verbesseren. Duerno ginn d’Isolatioun an d’Daachgeschoss erneiert. Schlussendlech installéiert WANDWERK en Daachdrainage sou datt d’Reewaasser gutt ofgeleet gëtt an Ëmweltverschmotzung evitéiert gëtt.

Keen Haus ass d’selwecht an net all Mesure sinn ëmmer néideg. Dofir beroden a plange mir ëmmer individuell. Dëst ass effizient a ka bedeitend Käschten spueren.
Schwätzt mat eis an zesumme fanne mir déi optimal Léisung fir Iech.

Dat soen eis

begeeschtert Clienten

"Dir hat net ze vill versprach: professionell, propper Aarbecht, frëndlech a kompetent Monteuren. Mir si begeeschtert iwwer d'Resultat a wäerten är Firma onbedéngt weider empfeelen."

Client vu Monnerech

"Léif WANDWER-Équipe. Villmols Merci fir Är bewosst, präzis Aarbecht an Är gutt Laun! Nëmmen dat Bescht a villmols Merci!"

Client vu Dikrech

"Villmols Merci! Alles tiptop! De Chantier extrem propper gehalen an opgepasst, alles gutt ze schützen."

Client vu Lëtzebuerg

"Ech well ganz häerzlech fir Är Aarbecht an déI vun Ärem Team Merci soen. Ech si wierklech begeeschtert vu mengem Regal - esou schéin. Et mecht mein Doheem besonnesch!"

Client vu Lëtzebuerg

"Ech muss soen, an vun de beschte Firmen, déI ech jee am Haus hat. Schued, dass den Numm mech op d'falsch Spur gefouert huet, sonst hätt ech meng ganz Daachaarbechte bei Iech mache gelooss."

Client vu Lëtzebuerg

"Mir si komplett begäschtert: an eiser Kichen steet elo en Drammiwwel! Vum Ufank bis zum Enn perfekt! Merci!"

Client vu Lëtzebuerg

"Ech si wirklech sprachlos, am positive Sënn, iwwer de ganze Prozess: d'Anhale vun Terminer + Pünktlechkeet, d'Propretéit mat deenen d'Aarbechter all Dag de Chantier verloossen, d'Kompetenz a Genauegkeet op der Aarbecht.!

Client vu Steinsel

"DéI ganz Equipe huet souverän geschafft. Du hues se net héieren."

Client vu Jonglënster

"Mir si ganz zefridden. Gutt Berodung. Ganz kompetent. Mir recommandéieren iech ëmmer gär weider."

Client vu Duelem

"Bleift wéi Dir Sidd!"

Client vu Lénger

Eng kleng Auswiel un INSPIRATIOUNEN FIR ÄR NEI PROJET

Nei Zillendaach in Jonglënster

ZUM PROJET

Nei Daach an Terrassendaach in Mamer

ZUM PROJET

Nei Daach, Fassad, Späicherausbau in Hassel

ZUM PROJET

Nei Zillendaach in Eppelduerf

Nei Daach in Stad Lëtzebuerg

Nei Zillendaach an Fassad in Fëschbech

Nei Schiferdaach in Berdorf

wandwerk manuel freudenreich geschäftsführer zimmerermeister dachdeckermeister
Manuel Freudenreich -
Gérant WANDWERK
Dachdecker- und Zimmerermeister

HUELT DEN EISCHTE SCHRËTT

Loosst Iech gratis an onverbindlech iwwer  Daach & Isoléierung  beroden.

ELO BERODE LOOSSEN

MIR SINN NËMMEN ZEFRIDDEN,
WANN DIR BEGEESCHTERT SIDD

MADE IN LUXEMBOURG

Mat WANDWERK als Ärem lokale Partner kritt Dir garantéiert perfekt Handwierk. Mir sinn nëmmen zefridden wann Dir begeeschtert sidd. Als Lëtzebuerger Handwierksbetrib bidde mir Iech dat héchst Qualitéitshandwierk un. Alles aus enger enger Hand.

NACH NET IWWERZEEGT?

Kuckt Iech den aktuelle Folder vum Wort oder déi aktuell WANDWERK Broschür un. Gäre schécke mir Iech e gedréckten Exemplaire zou!

FOLDER UFUERDERN

Den aktuelle WANDWERK Folder am Luxemburger Wort.

Schéckt eis
Är Ufro!


Wat kënne mir fir Iech maachen?

WANDWERK S.à r.l.
6, rue des Promenades
L-6314 Beaufort
E-Mail: info@wandwerk.lu
Tel.: +352 283 862

Büroszäiten:
mé. - fr. 7-18 Auer riichtduerch
samschdes no Arrangement
Ech sinn interesséiert :
Dateschutz