Mir haten eisen alljärlechen Infodag zu Leidenborn. Dësen Dag ass fir eis immens wichteg, fir eis Mataarbechter matzehuelen, zesummen Zäit ze verbréngen an e Réckbléck op d’Joer 2025 ze maachen. 😀
Zesummen hunn mir analyséiert, wou mir eis nach kënnen verbesseren a gläichzäiteg gekuckt, wat am neie Joer op eis duerkënnt. Mir hunn iwwer eis Wäerter, eis Ziler an déi gemeinsam Richtung geschwat. Och d’Aarbechtssécherheet war e wichtege Punkt vun dësem Infodag.
Mir si lo beschtens op 2026 virbereet a wäerten nach méi staark wéi virdrun un engem Strang zéien. Dat huet eis ëmmer staark gemaach a wäert eis an Zukunft nach méi staark maachen. 💪
Team WANDWERK & TAFF 💚🤍
... See MoreSee Less
Mir hunn zu Canach eng komplett Opstockung vun engem Eefamilljenhaus realiséiert. 🏠
Den Daach gouf ausgebaut an doduerch konnt de Wunnraum däitlech vergréissert ginn – eng ganz nei Etage ass dobäikomm. 🔨
Maach der selwer en Androck vun eiser Aarbecht. 👀
Du wëlls deng Wunnfläch och ausbauen, opstocken oder erweideren?
👉 WANDWERK ass däin zouverléissege Partner fir Opstockungen an Ausbauaarbechten um Haus. 🏗️
... See MoreSee Less
Besser spéit wéi ni – och wann Halloween schonn e bësse laang hier ass 😉🎃
Hei gesäis du d’Montage vun enger Fassadenverkleedung bei enger Garagenzoufaart. Propper ëmgesat, präzis verschafft an kloer am Design.
Esou Detailer maachen den Ënnerscheed: e méi modernen Optrëtt, méi Struktur an e kloer erkennbare Plus u Wäert.
Hues du Loscht op eng Verännerung un dengem Haus?
Mir plangen virausdenkend, schaffen präzis a setzen op nohalteg, laanglieweg Léisungen.
📞 +352 283 862
✉️ info@wandwerk.lu
www.wandwerk.lu
#fassadenverkleidung #fundermax #luxembourg #handwerk #beaufort
... See MoreSee Less
Photos from TAFF Botzservice's post
... See MoreSee Less
Mir wënschen iech e gudde Rutsch! 🥂
Zum Joresenn soe mir einfach Merci.💚🤍💚
Merci un eis Mataarbechter, Clientinnen a Clienten, Partner, Liwweranten a Frënn fir Vertrauen, Teamwork a vill schéin Projeten am Joer 2025.
Mat vill Handwierk, Passioun a Léift fir den Detail hu mir zesumme Wunnraim geschaf, Iddien ëmgesat a Qualitéit gelieft. Genee dat ass WANDWERK.💚
Elo gëtt kuerz ofgeschalt, gefeiert an da starte mir motivéiert an dat neit Joer.🥰
Kommt gutt eriwwer, bleift gesond a mir freeë eis op 2026.
WANDWERK 💚🤍💚
🇩🇪
Wir wünschen euch einen guten Rutsch! 🥂
Zum Jahresende sagen wir einfach Danke.💚🤍💚
Danke an unsere Mitarbeiter, Kundinnen und Kunden, Partner, Lieferanten und Freunde für Vertrauen, Teamwork und viele schöne Projekte im Jahr 2025.
Mit viel Handwerk, Leidenschaft und Liebe zum Detail haben wir gemeinsam Wohnräume geschaffen, Ideen umgesetzt und Qualität gelebt. Genau das ist WANDWERK. 💚
Jetzt wird kurz abgeschaltet, gefeiert und dann starten wir motiviert ins neue Jahr.🥰
Kommt gut rein, bleibt gesund und wir freuen uns auf 2026.
WANDWERK 💚🤍💚
... See MoreSee Less