made_in_lux_white

Ären eenzegaartegt Ukleedzëmmer.

Héichwäerteg a funktionell.

Ukleedzëmmer

Ären Drams-Ukleedzëmmer aus der WANDWERK-Miwwelmanufaktur.

Ären Doheem ass en Ausdrock vun Ärer Perséinlechkeet an Ärem Liewensstil. Dofir gestalte mir Ären Ukleedzëmmer no Äre Wënsch a Virstellungen. Eise Fokus läit op héichwäertege Léisungen no Mooss, déi funktionell a schéin sinn.

ÄR VIRDEELER:

Ären Drams-Ukleedzëmmer no Äre Wënsch

Handgemaach an der WANDWERK-Miwwelmanufaktur

Ären Dram gëtt erfëllt: Bei WANDWERK steet d’Zefriddenheet vun eise Clienten u fir éischter Plaz. Mir si stolz, Ukleedzëmmeren ze schafen, déi funktionell a laangliewe sinn an Äre perséinleche Stil erëmspigelen. Kontaktéiert eis nach haut fir den éischte Schrëtt!

Ukleedzëmmer
Ukleedzëmmer zu Waldhof

A 4 Schrëtt bei Ären neien Ukleedzëmmer

MSC Ankleide 2

Är Besoinen an Är Dreem

Mir fänke mat engem detailléierte Gespréich un, fir Är Besoinen a Wënsch ze verstoen. Är perséinlech Ufuerderungen an Äre Stil stinn am Mëttelpunkt vun eiser Planung.

Gespréich a Visualiséierung an eisem Showroom

Kommt an eise Showroom, fir Är Iddien zum Liewen ze erwächen. Zesumme visualiséiere mir Ären Ukleedzëmmer, fir datt Dir e kloren Androck vun Ärem Raum no Mooss kritt.
2020 gebäude bearbeitet web
wandwerk-erasmy-buero

Moossen huelen vum Profi

Eis erfuere Spezialisten huele virun Uert genee Moossen, fir datt all Detail perfekt passt an Äre Raum optimal genotzt gëtt.

Professionell Ëmsetzung

Eist engagéiert Handwierkerteam mécht Är Visioun mat héchster Präzisioun a Suergfalt Realitéit – fir en Ukleedzëmmer vun héchster Qualitéit.
wandwerk-moebel-mood
wandi-daumen-hoch

Dat soen eis

begeeschterten Clienten

"Dir hat net ze vill versprach: professionell, propper Aarbecht, frëndlech a kompetent Monteuren. Mir si begeeschtert iwwer d'Resultat a wäerten är Firma onbedéngt weider empfeelen."

Client vu Monnerech

"Léif WANDWER-Équipe. Villmols Merci fir Är bewosst, präzis Aarbecht an Är gutt Laun! Nëmmen dat Bescht a villmols Merci!"

Client vu Dikrech

"Villmols Merci! Alles tiptop! De Chantier extrem propper gehalen an opgepasst, alles gutt ze schützen."

Client vu Lëtzebuerg

"Ech well ganz häerzlech fir Är Aarbecht an déI vun Ärem Team Merci soen. Ech si wierklech begeeschtert vu mengem Regal - esou schéin. Et mecht mein Doheem besonnesch!"

Client vu Lëtzebuerg

"Ech muss soen, an vun de beschte Firmen, déI ech jee am Haus hat. Schued, dass den Numm mech op d'falsch Spur gefouert huet, sonst hätt ech meng ganz Daachaarbechte bei Iech mache gelooss."

Client vu Lëtzebuerg

"Mir si komplett begäschtert: an eiser Kichen steet elo en Drammiwwel! Vum Ufank bis zum Enn perfekt! Merci!"

Client vu Lëtzebuerg

"Ech si wirklech sprachlos, am positive Sënn, iwwer de ganze Prozess: d'Anhale vun Terminer + Pünktlechkeet, d'Propretéit mat deenen d'Aarbechter all Dag de Chantier verloossen, d'Kompetenz a Genauegkeet op der Aarbecht.!

Client vu Steinsel

"DéI ganz Equipe huet souverän geschafft. Du hues se net héieren."

Client vu Jonglënster

"Mir si ganz zefridden. Gutt Berodung. Ganz kompetent. Mir recommandéieren iech ëmmer gär weider."

Client vu Duelem

"Bleift wéi Dir Sidd!"

Client vu Lénger

Eng kleng Auswiel un INSPIRATIOUNEN FIR ÄR NEI PROJET

stefan erasmy, verkauf & planung, schreiner
Stefan Erasmy -
Verkaf & Planning WANDWERK
Schräiner

HUELT DEN EISCHTE SCHRËTT

Loosst Iech gratis an onverbindlech iwwer  Ukleedzëmmer  beroden.

ELO BERODE LOOSSEN

MIR SIEN ÉISCHT ZEFRIDDE,
WANN DIR BEGEESCHTERT SID.

MADE IN LUXEMBOURG

Mat WANDWERK als Äre lokale Partner kritt Dir garantéiert Handwierkskonscht a Perfektioun. Mir si éischt zefridden, wann Dir begeeschtert sidd. Als lëtzebuergeschen Handwierksbetrib bidden mir Iech héichwäertegst Handwierksaarbecht – alles aus enger Hand.

NACH NET IWWERZEEGT?

Kuckt Iech den aktuelle Folder vum Wort oder déi aktuell WANDWERK Broschür un. Gäre schécke mir Iech e gedréckten Exemplaire zou!

FOLDER UFUERDERN
2026.09.21 16 Seiter WANDWERK Wort E PAPER

Déi aktuell Broschür am Wort

wandwerk-imagebuch-2024-opt-de

Déi aktuell WANDWERK Broschür 2024

Oft gestallte Froen (FAQ's)

Schéckt eis
Är Ufro!

wandi-arme-verschraenkt

Wat kënne mir fir Iech maachen?

WANDWERK S.à r.l.
6, rue des Promenades
L-6314 Beaufort
E-Mail: info@wandwerk.lu
Tel.: +352 283 862

Büroszäiten:
mé. - fr. 7-18 Uhr riichtduerch
Gären och samschdes no Arrangement
Ech sinn interesséiert :
Dateschutz